Visitt guidée op Lëtzebuergesch
Hutt dir schonn emol vum Charles Arendt héieren? Dëse visionären Architekt aus dem 19. Joerhonnert war den éischten Architekt vum Lëtzebuerger Staat. Hie huet seng Iddi, säi Goût an seng Energie bäigedroen, fir Deel vun där Generatioun ze sinn, déi d’Gesiicht vum moderne Lëtzebuerg gepräägt huet. Seng Gebaier erzielen d’Geschicht vun engem Land am Wandel, tëschent Traditioun, Glawen a Modernitéit.
.
Am Kader vun der Ausstellung, déi him am LUCA. gewidmet ass, invitéiert Isabelle Becker, Member vum Comité Alstad asbl an Historikerin bei der Verwaltung vun de ëffentleche Gebaier, Iech, dësen aussergewéinlechen Architekt (nei) ze entdecken – duerch eng guidéiert Visitt, déi voll ass mat Anekdoten an Decouverten.
Maacht Iech op d'Spuere vum Charles Arendt a loosst Iech féieren duerch seng emblematesch Wierker, wou all Steen eng Geschicht erzielt an all Fassad den Otem vun enger neier Zäit erëmspigelt.
- Sprooch: LU
- Dauer : 45’
- Fir eenzel Visiteuren oder kleng Gruppen (max. 4 Persounen)
- Gratis, Umeldung obligatoresch (limitéiert Plazen)
Samstag 17.01.2026
15H00
- 15H45
luca – Luxembourg Center for Architecture
Das luca - Luxembourg Center for Architecture ist der wichtigste kulturelle Akteur auf nationaler Ebene für die Schaffung und Verbreitung von Wissen über die Ursprünge, aktuellen Bedingungen und den W...
Tickets
Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!
Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender anzukündigen, müssen Sie diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen. Wir nehmen diese in unsere Agenda auf.