Musekerinnen a Komponistinnen an der NS-Landesmusikschule Luxemburg
Wat fir een Impakt hat d’NS-Besatzung op hiert Liewen a musikalescht Schaffen? Hu si sech arrangéiert kritt, fir hir Plaz ze halen? Hunn si misse flüchten? Hu se an hire Kompositiounen Resistenz ausgedréckt? Goufen hir Stécker nach opgefouert?
Am Kader vum Projet Klangbilder der Stadt Luxemburg gëtt d’Geschicht vun de Musekerinnen zu Lëtzebuerg erfuerscht an erëm zum Klénge bruecht. Sou spillen an dësem Concert-Conférence Schüler:innen a Proff:innen aus dem Stater Conservatoire Stécker vu Lëtzebuerger Komponistinnen aus der Krichszäit.
Conférencière: Danielle Roster, Uni Lëtzebuerg
Et wierke mat: Sandrine Cantoreggi (Gei), Marc Dostert (Gesang), Tom Feltgen (Cello), Béatrice Rauchs (Piano) an hir Schüler:innen.
Musek vum: Helen Buchholtz, Béby Kohl-Thommes, Lou Koster a Frida Salomon-Ehrlich.
Organiséiert vun:. Musek an Gender zu Lëtzebuerg am Kader vum Projet Klangbilder der Stadt Luxemburg.. An Zesummenaarbecht mat de kulturelle Servicer vun der Stad Lëtzebuerg, dem Conservatoire, dem Lëtzebuerg City Museum an der Photothèque.
Masterclass vun der däitscher Pianistin Elly Ney zu Lëtzebuerg, 1942, Foto: Herbert Ahrens © Photothèque de la Ville de Luxembourg
Mittwoch 11.03.2026
19H00
- 19H00
Lëtzebuerg City Museum
Das Museum befindet sich im Herzen der Altstadt in einem restaurierten Komplex aus vier alten Adels- und Bürgerhäusern mit Überresten, die bis ins Mittelalter zurückreichen. Auf drei Ebenen, die zum T...
Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!
Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender anzukündigen, müssen Sie diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen. Wir nehmen diese in unsere Agenda auf.