Autres
Musekerinnen a Komponistinnen an der NS-Landesmusikschule Luxemburg
Den 10. Mee 1940 gouf Lëtzebuerg vun der däitscher Wehrmacht besat. Kuerz drop ass alles an Ugrëff geholl ginn fir d’Land kulturell „heim ins Reich“ ze féieren. De Conservatoire ass zur Landesmusikschule Luxemburg ëmfunktionéiert ginn: D’Musek sollt däitsch sinn an d’Fraen am Prinzip doheem bleiwen. Mee am Conservatoire waren d’Fraen awer staark am Léierpersonal vertrueden.
Wat fir een Impakt hat d’NS-Besatzung op hiert Liewen a musikalescht Schaffen? Hu si sech arrangéiert kritt, fir hir Plaz ze halen? Hunn si misse flüchten? Hu se an hire Kompositiounen Resistenz ausgedréckt? Goufen hir Stécker nach opgefouert?
Am Kader vum Projet Klangbilder der Stadt Luxemburg gëtt d’Geschicht vun de Musekerinnen zu Lëtzebuerg erfuerscht an erëm zum Klénge bruecht. Sou spillen an dësem Concert-Conférence Schüler:innen a Proff:innen aus dem Stater Conservatoire Stécker vu Lëtzebuerger Komponistinnen aus der Krichszäit.
Conférencière: Danielle Roster, Uni Lëtzebuerg
Et wierke mat:. Sandrine Cantoreggi (Gei), Marc Dostert (Gesang), Tom Feltgen (Cello), Béatrice Rauchs (Piano) an hir Schüler:innen.
Musek vum:. Helen Buchholtz, Béby Kohl-Thommes, Lou Koster a Frida Salomon-Ehrlich.
Organiséiert vun: Musek an Gender zu Lëtzebuerg am Kader vum Projet Klangbilder der Stadt Luxemburg. An Zesummenaarbecht mat de kulturelle Servicer vun der Stad Lëtzebuerg, dem Conservatoire, dem Lëtzebuerg City Museum an der Photothèque.
Masterclass vun der däitscher Pianistin Elly Ney zu Lëtzebuerg, 1942, Foto: Herbert Ahrens © Photothèque de la Ville de Luxembourg

Informations importantes
Le quartier
Lëtzebuerg City Museum
Le musée est situé au coeur de la vieille ville, installé dans un ensemble restauré de quatre anciennes maisons nobles et bourgeoises comprenant des vestiges remontant jusqu'au Moyen Âge. Sur troi...
Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.