Bëschbueden mat Konschtimpulser am Hierscht
Den Hierscht invitéiert eis, méi lues ze ginn. D’Natur zitt sech lues a lues zeréck a weist sech nach eng Kéier an hire schéinste Faarwen. Genee wéi de Bësch seng Blieder fale léisst, dierfen och mir lassloossen – Stress, Gedanken a Saachen, déi eis net méi déngen.
Zesummen dauche mir mat alle Sënner an de faarwege Bësch an, genéissen dat eenzegaartegt Spill vun de Faarwen, lauschteren op d’Kläng vun der Natur a fänken déi lescht waarm Sonnestrale vum Joer an. Mat rouegen Opmierksamkeetsübungen an inspiréierende Konschtimpulser schafe mir Raum fir Rou, Kreativitéit a Verbannen eis mat der Natur.
Komm mat a schenk Dir eng kleng Auszäit am gëllenen Hierscht!
.---
D‘Jessica Desorbay ass Naturguide, Achtsamkeitstrainerin souwéi Wëllplanzen- a Wildnispädagogin. Sie verbënnt alt Wësse mat moderner Naturpädagogik, begleet Mënschen a schaaft Räim, fir sech iwwert d’Natur nees selwer méi no ze kommen.
---
GRATIS | Umeldung: [email protected].
Méi Informatiounen fannt Dir hei.
---
Weider Datummer:
Sonntag 13.09.2026
10H00
- 12H00
Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!
Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender aufzunehmen, müssen diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen werden. Anschlie nehmen diese in unsere Agenda auf.