Wéini ass ee Konschtwierk ee Konschtwierk
Mam Walter Benjamin gouf de Begrëff vun der „Aura“ vum Konschtwierk bekannt. Et läit eppes ganz Besonnesches an engem Konschtwierk, fi r dat et d’Opmierksamkeet vum Betruechter waakreg këddele kann. Scho vill méi fréi huet den J. G. Fichte sech awer scho Gedanken driwwer gemaach, wisou verschidde Wierker, zum Beispill verschidde Bicher, no deenen éischten 20 Säiten an den Eck geluecht ginn, an anerer een esou fesselen, datt een di ganz Nuecht dra liese muss. Och hei ass een änlecht Konzept am Spill, nierwt der Aura beschäftege eis de „Geescht“, deen an der Konscht iwwermëttelt gëtt. D’Roll vum Kënschtler ass a béide Fäll eng usprochsvoll: Et ass seng Roll, dem Betruechter eppes matzedeelen, seng Iddi dem Publique zougänglech ze maachen an dëst iwwert d’ästhetesch Kontemplatioun. Kënnen nëmmen Genien dat erreechen? A wéi ginn se dobäi vir? Ass et just de Geescht deen zielt, oder spillen d’Sënner an de Kierper, schaafend Hänn, eng änlech wichteg Roll? Den zäitgënessesche Philosoph John Dewey ass sech dogéint ganz sécher: Konscht ass virun allem Liewen, an elitär Muséeen verhënneren eng richteg Konschterfarung. Wéi mengt hien dat? A wéi verhält sech d’Fotokonscht dobäi? Mat de Lëtzebuerger Fotografen Jan Schwarz, Liz Lambert a Marc Wilwert begéine mer d’Foto als Konschtwierk.
Dës Konferenz ass och als IFEN Formation Continue ausgeschriwwen.
Nora Schleich
Promovéiert a passionéiert an der Philosophie säit 2008 – Nom Studium zu Lëtzebuerg an zu Mainz ënnerwee an der Philosophie- a Wëssenschaftsvermëttlung. Virum allem täteg an de Beräicher Konscht a Kultur, wéi Soziales an Existenz. Säit 2022 Programmcoordinatrice an der ErwuesseBildung asbl.
Organisatioun: neimënster
Fräien Entrée
Dauer: 75 Minutten
Sprooch: LU
.Tickets
Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!
Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender anzukündigen, müssen Sie diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen. Wir nehmen diese in unsere Agenda auf.