Sisi tëscht Geschicht a Fiktioun
Firwat faszinéiert d’Figur vum Sisi eis nach ëmmer? Unhand vum Film Corsage (2022) an anere Beispiller, weist dës Konferenz, wéi all Epoch sech hir eege Virstellung vun der Keeserin Elisabeth vun Éisträich mécht.
Déi feministesch Perspektiv vum Film an déi bewosst Anachronismen erlaben en neie Bléck op eng historesch Figur, där hir Identitéit zu engem groussen Deel vun der Fiktioun gepräägt gouf. Wat verroden eis déi verschidden Duerstellunge vum Sisi am Kino iwwer déi Zäit, déi si duerstellen, awer och iwwer déi Epoch, an där si entstane sinn?
.D’Konferenz geet der Fro no, wéi eis Virstellung vun der Vergaangenheet entsteet, wéi Konscht a Film eist Verständnis vun der Geschicht beaflossen a wéi sech d’Geschichtsschreiwung vu Generatioun zu Generatioun verännert.
.D’Viviane Thill huet bis Enn 2023 den Departement Film-TV vum Centre national de l’audiovisuel (CNA) zu Diddeleng geleet, wou si och als Produzentin täteg war. Si schreift Filmkriticke fir de Magazine forum, huet zu e puer Bicher zum Thema Kino bäigedroen a schafft als Scénaristin (Perl oder Pica, Pol Cruchten, 2006; Eng nei Zäit, Christophe Wagner, 2015).
D’Sonja Kmec ass Professorin fir Kulturgeschicht op der Uni Lëtzebuerg an huet zesumme mam Agnès Prüm zéng Joer laang de Seminär Film and Popular Culture geleet. Hir aktuell Fuerschung konzentréiert sech op Kulturdiplomatie souwéi op Musek an Gender zu Lëtzebuerg (mugi.lu).
Donnerstag 03.12.2026
19H00
- 19H00
Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!
Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender aufzunehmen, müssen diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen werden. Anschlie nehmen diese in unsere Agenda auf.