Mardis littéraires - Robert Philippart
D'Union Commerciale vun der Stad gouf virun 120 Joer gegrënnt. Hir Fonctioun wor deemools fir kënnen den Interlocuteur vu Stad a Staat ze si wann et ëm Urbanismus a wirtschaftlech Entwécklung goung. D'Geschäftsleit hunn eng spezifesch Architektur an Design entwéckelt fir hir Geschäftshaiser an Devanturen. Si hu sech an der Stad eng Identitéit ginn, déi mer an der Konferenz gesinn. D'Geschäftswelt huet och engagéiert matdiscutéiert wann et ëm d'Urbaniséierung vum Plateau Bourbon goung an huet eng 2. Avenue duerch d'Alstad gefrot. Hir Meenung huet gezielt bei Projets wéi dem Bau vun enger neier Kathedral, engem Palais de Justice, engem Nationalmusée, enger Maarthal, schaafe vu Passages commerciaux. Selwer wollte si aus Lëtzebuerg eng "Kurstadt" maache fir Touristen. D'Konferenz geet op dës Froen aus den Ufanksjoren vun der Union Commericale an.
.obligatoresch Reservéierung
www.citybiblio.lu
.
Dienstag 01.12.2026
18H30
- 19H30
Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!
Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender aufzunehmen, müssen diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen werden. Anschlie nehmen diese in unsere Agenda auf.