Zirkus & Street Art

Kapoutty – originell Neiinterpretatioune vum Poutty Stein senge Lidder

When

Mittwoch die 01.10.2025

19:00 - 21:00

Where

Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D Avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

202510-Kapoutty_main

Beschreibung

De Poutty Stein (1888-1955) ass als Papp vum kabarettistesche Chanson zu Lëtzebuerg wuel bekannt. Den Duo Tonnar-Urwald presentéiere fir dem Poutty Stein säi 70. Doudesjoer eng Auswiel vu Lidder op eng nei Manéier, op verschiddenen Instrumenter ewéi Gittaren, Fender Rhodes, Hammond-Uergel, Piano, E-Bass a Perkussioun.

.


De Serge Tonnar ass fräischaffenden Auteur, Komponist an Interpret. Seng Haaptaktivitéit ass d’Kompositioun vun eegene Lidder, derniewent schafft e geleeëntlech am Theater als Museker, Schauspiller, Regisseur an Auteur. 2015 huet en d’Associatioun »Mir wëllen iech ons Heemecht weisen« gegrënnt, déi sech fir den interkulturellen Dialog asetzt, absënns tëscht Flüchtlingen a Leit vun hei.


De Georges Urwald ass Pianist a Sänger, Arrangeur fir Genre iwwergräifend Museksprojeten, Komponist, Professer am Iechternacher Kolléisch, Editeur vu Lidderhefter, Redakter vun der BnL hirer didaktescher Heftserie iwwert d’Lëtzebuerger Musek De Litty, artistesche Leeder vum Stued Theater zu Gréiwemaacher a Mataarbechter am Cedom vun der BnL.

.


Den Duo Tonnar-Urwald interpretéiert säit 2019 Lëtzebuerger Klassiker op eng radikal nei Aart a Weis. Sou erlieft een déi Lidder, déi een dacks nach méi oder manner am Ouer huet, op eng opgefrëschte Manéier, wou den Text an d’Geschichten nees am Mëttelpunkt stinn.

Nützliche Informationen

Wo

Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D Avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

Veranstaltungsort ansehen

Preise

Umeldung 0€

Tickets

Event location

Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!
Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender anzukündigen, müssen Sie diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen. Wir nehmen diese in unsere Agenda auf.

www.echo.lu