Christian Bauer & Jim Clemes
Am Joer 2024 hunn de Christian Bauer a de Jim Clemes d'Leedung vun hire Büroen iwwerginn an domat zwou brillant Carrièren ofgeschloss. Dës zwee grouss Personnagen aus der Lëtzebuerger Architektur kucken an dësem Owend op d'Meilesteng vun hirer jeeweileger Carrière zréck, diskutéieren hir Begéinung mat der Architektur, hiren Ufank als jonk Architekten, an d'Leit an Themen, déi hir Aarbecht wärend hirem Liewe beaflosst hunn.
Dësen Austausch bitt och d'Geleeënheet, d'Roll vum Architekt an der Gesellschaft am Liicht vun engem stänneg evoluéierenden soziokulturellen, wirtschaftlechen a politesche Kontext ze diskutéieren. LUCA wëll zwou aussergewéinlech Architekten Éier erweisen, déi zur Gestaltung vun der Lëtzebuerger Architekturlandschaft bäigedroen hunn.
.- Sprooch : Lëtzebuergesch
- Mat simultaner Iwwersetzung op Englesch
- Gratis, Umeldung obligatoresch
Mittwoch 14.01.2026
18H30
- 21H00
luca – Luxembourg Center for Architecture
Das luca - Luxembourg Center for Architecture ist der wichtigste kulturelle Akteur auf nationaler Ebene für die Schaffung und Verbreitung von Wissen über die Ursprünge, aktuellen Bedingungen und den W...
Tickets
Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!
Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender anzukündigen, müssen Sie diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen. Wir nehmen diese in unsere Agenda auf.