Nature, sport and leisure
Institutional Partners on trail: Konferenz – Baue fir d’Zukunft: Holzbau um Préifstand
When
Tuesday The 30.09.2025
18:30 - 20:00
Where
Musée national d’histoire naturelle – ‘natur musée’
25 Rue Münster
2160 Luxembourg

Description
..Mat ronn 40% ass de Bau an de Betrieb vun eise Gebeier zu engem groussen Deel um Klimawandel verantwortlech. Gespuert a verbessert gëtt an der Bauindustrie allerdéngs wéineg. Alleng d’Zementindustrie veruersaacht méi CO2-Emissionen wéi de weltwäiten Fliigerverkéier. Spueren ass keen Ureiz - Beton ass haut méi bëlleg wéi Waasser am Supermarché. Ännerunge sinn dowéinst net a Siicht – ze lues an agesiess ass d’Branche fir Innovatiounen ëmzesetzen, ze wéineg fuedert de politeschen Discours. Den Holzbau wëll dest änneren, a baut mëttlerweil Héichhaiser aus Holz. Mee ass eng Transformatioun iwwerhaapt méiglech?Holz gëlt als Baustoff vum 21. Jorhonnert. Holz ass liicht, wiisst no, bënd CO2 a späichert dëse beim Bauen an de Gebeier – ronn eng Tonn CO2 pro Qubikmeter Holz. Wärend den natierleche Wierkstoff an de vergaangenen 200 Joer duerch säi Brandverhalen an den Hannergrond gerutscht ass, gëtt haut e Comeback gefeiert. Holz ass nees an der Moud. Fuerschung an Ëntwécklung dreiwen de Baustoff op Héchstleeschtung fir eng kompetitiv Alternativ zu Beton a Stol unzebidden.Weltwäit fuerschen Instituter hei fir eng Transformatioun um Bau unzestriewen, sou och d’ETH Zürich. Niewt zukunftsweisenden Innovatiounen ginn an der Schwäiz ënnert anerem Konstruktiounen fir Holzhéichhaiser op Béien a Briechen getest. Aktuell läit de Rekord bei 86 m. Weltwäit ass eng Course z’erkennen, wien de nächsten Holzhéichhaus-Rekord brécht. Gebeier zwëschen 100-150 m sti kuerz vierum Bau. Mee mécht dest Sënn, eng Renaissance vum eelste Baustoff unzestriewen? Abléck an Äntwerten iwwert d’Bauen mat der natierlecher Ressource Holz: Aktuelle Stand, Fuerschung, Grenzen.Riedner: Charles BinckDe Charel Binck, (gebuer 1990 zu Lëtzebuerg) ass Doktorand a wëssenschaftleche Mataarbechter um 'Institut für Baustatik und Konstruktion' vun der ETH Zürich. Hie war Projektleeder an Holzbau Verantwortleche bei Schnetzer Puskas Ingenieure zu Basel. Tickets: https://booking.mnhn.lu
Useful information
Where
Musée national d’histoire naturelle – ‘natur musée’
25 Rue Münster
2160 Luxembourg
When
Tuesday 30.09.2025
18H30
- 20H00
Contact
T. +352 4796 4469, 003524622331
E. [email protected]
W. luga.lu, www.mnhn.lu
Prices
Ticket 1 0€ |
Tickets
Content provided by Echo.lu – Content non-binding and subject to change.
To advertise your event (taking place in the capital) in our calendar, register all the information on Echo.lu and display it on our agenda.