Inklusina - D'Stad liest
Den Inklu ass nei am Duerf. Hien denkt vill no a spiert dat komescht Kribbelen tëschent Virwëlz an Onsécherheet. Den Dag vum Duerffest soll e schéinen Ufank ginn. Eng Geleeënheet, déi aner Déiere kennen ze léieren an Deel vun enger Gemeinschaft ze ginn. Mee séier gëtt kloer, datt net alles esou leeft, wéi geplangt. Et gëtt chaotesch. Jidderee wëll hëllefen, jidderee wëll eppes bäidroen. Mee ouni Ofstëmmung entsteet Duercherneen. A bal schéngt et, wéi wann d’Fest net méi kéint stattfannen.
.Eréischt wéi d’Déiere sech Zäit huelen, an hir Rucksäck ze kucken, entdecke si eppes, wat si virdrun net gesinn hunn. Wäert d’Fest awer nach kënne stattfannen? Eng Geschicht iwwer Kooperatioun, Zesummenhalt an d'Freed, déi entsteet, wa jidderee seng Stäerkten entdeckt.
Am Uschloss un d’Liesung huelen d’Kanner un engem kreative Workshop deel. Si gestalten hiren eegene Stäerkte-Rucksak a setzen sech dobäi bewosst mat deem auserneen, wat si kënnen a wat si staark mécht.
.An der Geschicht ginn inklusiv Themen ewéi Kooperatioun, Villfältegkeet a Gemeinschaft ugeschwat. Dobäi steet d’Iddi am Mëttelpunkt, datt all Kand säin eegene Rucksak mat sech dréit, gefëllt mat Erfarungen, Erliefnisser a Stäerkten. D’Aktivitéit bitt de Kanner e positive Kader, fir hir eege Stäerkten ze entdecken, Selbstvertrauen opzebauen an sech als wichtegen Deel vun enger Gemeinschaft ze erliewen.
Alter: 3+ Joer
Reservéierung obligatoresch fir de Workshop.
D'Aschreiwung ass vum 2. Juni un op / Inscriptions à partir du 02 juin
[email protected] / www.citybiblio.lu