Circus and Street art
@ano.astra47
When
Thursday The 21.05.2026
19:30 - 20:30
Where
Théâtre National du Luxembourg (TNL)
194 route de Longwy
L-1940 Luxembourg
Description
Uropféierung
En anonyme Voice Chat. Véier jonk Mënschen. Stëmmen ouni Gesiichter. Ongefiltert. Raw. Wat geschitt, wann s de d‘Maske fale léiss? Et ass alles just e Spill. Bis dem Stella seng Verbindung op eng brutal Manéier ofgebrach gëtt.
Véier jonk Leit spillen. Bis et eescht gëtt, bis et trëfft. An d'Häerz. An hier Häerzer. An dobei sinn déi jonk Leit jüst op der Sich. No eppes, wat se beweegt, wat hinnen d’Gefill gëtt, dass si lieweg sinn. Am Anonymat hoffen si, déi erdreemte “Romance” ze fannen.
@ano.astra47 ass e Stéck, dat op Basis vum Input an den Iddië vu Jonken entstanen ass. D’Anja Di Bartolomeo, d’autrice en résidence vun der Saison 25/26 am TNL, huet jonk Mënsche befrot – oder besser huet hinne genau nogelauschtert an doraus eng eege Geschicht entwéckelt, déi vum Liss Scholtes
.inszenéiert gëtt. Et ass hir drëtt Inszenéirung am TNL, an dës Kéier gräift si op partizipativ Elementer zréck, déi déi jonk Leit direkt an den Theaterprozess eranzéien.
D‘Anja Di Bartolomeo, Joergang 1978, ass eng villfach ausgezeechent fräischaffend Autrice, déi Prosatexter, Lauschter- an Theaterstécker fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener schreift. 2023 gouf hire Jugendroman Koma 21 mat dem Publikumspräis beim Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent. 2024 huet si zudeem den éischten an den zweete Präis beim Nationale Kanner- a Jugendliteraturpräis gewonnen. An deene leschte Joren huet si ganz vill fir d’Kannerkëscht vum Radio 100,7 a fir d’Philharmonie geschafft. D’Anja Di Bartolomeo setzt sech an hiren Texter vill mat aktuelle Sujeten auserneen an engagéiert sech besonnesch fir Inklusioun. Nieft hirer Tätegkeet als Schrëftstellerin ass d’Anja Di Bartolomeo och nach Presidentin vun der ALAN – Maladies Rares Luxembourg.
.Useful information
Where
Théâtre National du Luxembourg (TNL)
194 route de Longwy
L-1940 Luxembourg
When
| Date | Hours |
|---|---|
| Thursday 21/05/2026 | 19H30 - 20H30 |
| Friday 22/05/2026 | 10H00 - 11H00 |
| Friday 22/05/2026 | 19H30 - 20H30 |
| Thursday 04/06/2026 | 10H00 - 11H00 |
| Friday 05/06/2026 | 11H00 - 11H00 |
| Sunday 07/06/2026 | 17H00 - 18H00 |
Contact
Prices
| adultes 25€ |
| jeunes 8€ |
| Kulturpass 1.5€ |
Tickets
Content provided by Echo.lu – Content non-binding and subject to change.
To advertise your event (taking place in the capital) in our calendar, register all the information on Echo.lu and display it on our agenda.