Table Ronde: "Demokratie a Gefor? Ass d'Äntwert politesch Bildung?"
D'Demokratie steet ënner Drock: Populismus, Desinformatioun a Hate Speech huelen zou, d'Debatte gi méi polariséiert. Gläichzäiteg fillen sech vill Mënsche vun der Politik net ofgeholl.
Wat ka politesch Bildung fir d'Demokratie leeschten – a wat net? A wéi muss si sech an enger verännerter Gesellschaft weiderentwéckelen?
.Intervenant·e·s :
Dr. Matthias Busch - Fuerscher an de Sozialwëssenschaften, Universität Trier
Carole Lorang - Directrice vum Escher Theater
Cecilia Said Vieira - Social Media Strategin an Content Creator
Amela Skenderovic - Englesch Enseignante
Paul Weimerskirch - fréiere Buergermeeschter vu Schëffleng
Sidney Wiltgen - Journalist, Member vum Conseil de presse
📍 Abtei Neimënster, Salle José Ensch
🗓️ 13.10.2026, 18:30
🎙️ Modération: Caroline Mart