Exhibitions
Geschäftshaiser an Hoteller vu fréier
Dës Visite weist wéi sech den Handel an d’Hotellerie an der Uewerstad entwéckelt hunn. Mir kucken zeréck op d’Festungszäit, op d’grands magasins an der Belle Époque, d’Boutiquen aus den 1980er Joren. Wéi gouf d’Foussgängerzon ugeluecht, wat woren hir Virgänger ? Den Tour erzielt och wéi d’Hotellerie d’Ekonomie gepräägt huet a wat fir eng Roll si an der kultureller Entwécklung gespillt huet. Kinoen, Coiffeuren, Moudegeschäfter vu fréier ginn och ënnerwee gewisen.
Date : 21 mars
.Heure : 14h30-16h00
.Langue : en luxembourgeois
Départ : arcades du Cercle Cité, place d’Armes
Arrivée : place Emile Hamilius