Tuffi - Junior Atelier (4-6)
Viru laanger laanger Zäit gouf et emol faarweg Kueben. Si waren all stolz op hiert Gefiedert. Rosa, giel, gréng waren hier Plommen an all waren se iwwerzeegt, dass si déi schéinste wieren. Et ass esouguer esou wäit gaangen dass et zum Sträit koum bei de faarwege Kueben bis enges Daags lauter schwaarz Wolleken opgezu sinn...
Ons zweet Geschicht hëlt dech mat an de Bësch bei eng traureg kleng Eil déi déi ganzen Zäiten nëmme muss kräischen. D'Déieren am Bësch probéieren eng Méiglechkeet ze fannen déi kleng Eil ze tréischten. Do ass de Maulef, den Igel an de Käfer déi noeneen hiert Bescht probéieren, der klenger Eil Trouscht ze spenden. Wien a wat wuel hëlleft?
.Eis Bastelaktivitéit dréint sech dann natierlech och ëm ganz vill Faarwen, Gefiller an Hëllef ënnert den Déieren.
Alter : 4 bis 6 Joer
Reservéierung obligatoresch.
D'Aschreiwung ass vum 1. Juli un op / Inscriptions à partir du 01 juillet
[email protected] / www.citybiblio.lu
Saturday 29.08.2026
10H30
- 11H00
Tuffi - Junior Atelier (4-6) in pictures
Content provided by Echo.lu – Content non-binding and subject to change.
To advertise your event (taking place in the capital) in our calendar, register all the information on Echo.lu and display it on our agenda.