Tuffi-Junior Atelier (4-6)
D’Geschicht vum Reeboufësch dee seng blénkeg Schuppe verschenkt fir seng Frënn glécklech ze maache kennen déi meescht warscheinlech schonns. Mee wosst dir dann och schonn, dass de Reeboufësch nach vill aner Saachen am Mier mécht? Hie léiert, dass een net jidderengem alles gleewe ka wat en zielt oder dass een och emol verléiere kann. Zesumme fanne mir eraus, wéi de Reeboufësch mat Ligen ëmgeet a wéi een e gudde Verléierer ka ginn. Villäicht hutt dir jo och schonn e puer Tipps?
Haut ka jidderee säin eegene frëndleche Reeboufësch kreéiere an e mat Heem huelen. Villäicht erënnert hien iech an ärem Alldag drun, wéi ee mat eenzelne Schwieregkeete ëmgoe kann.
Alter: 4-6 Joer
.Reservatioun obligatoresch.
Bambühn Parc Municipal - Pescatore
Park of the Pescatore Foundation
Tuffi-Junior Atelier (4-6) in pictures
Gallery
Content provided by Echo.lu – Content non-binding and subject to change.
To advertise your event (taking place in the capital) in our calendar, register all the information on Echo.lu and display it on our agenda.