Tuffi - Atelier (4-8)
D’Jona ass e Päiperlek, wëll, schéin a voller Energie! D’Jona léisst sech vum Wand droen a wa säi Mo ufänkt mat grommelen… Sou fänkt d’Geschicht un an op all Säit erlieft d’Jona eppes Neies.
.Mir huelen eis Zäit d’Geschicht vum Kati Bohnet kennen ze léieren a vill flott Übungen auszeprobéieren. Komm mat dengen Elteren, denger Mamm, dengem Papp, denger Giedel, dengem Bopi… mat engem Groussen, mat deems du gär zesumme bass an d’Lëtzebuerg City Bibliothèque!
Nieft engem schéine Moie léiers du iwwerdeems wat s du maache kanns wann et dir mol net gutt geet. Dat kënnt ëmmer mol vir. Et ass hëllefräich, wann een dee Moment weess, wéi ee reagéiere kann!
Alter : 4 bis 8 Joer
Reservéierung obligatoresch.
.[email protected] / www.citybiblio.lu
Saturday 07.03.2026
10H30
- 11H30
Cercle Cité - Salle 503
Content provided by Echo.lu – Content non-binding and subject to change.
To advertise your event (taking place in the capital) in our calendar, register all the information on Echo.lu and display it on our agenda.