Tuffi-Pro Atelier (6-9)
An de grousse Weltmierer wunne vill ënnerschiddlech Déieren. Hei deele sech Frënd a Feind de Wunnraum. Eigentlech ass beim Reeboufësch a senge Frënn ëmmer alles friddlech bis enges Daags e Sträit entsteet wéinst engem Gerücht. Iergendwou wunnt och een traurege Wal, den zwar ëmmer nei Schätz fënnt an awer iergendwéi net glécklech gëtt. An de Geschichte vun haut geet et ëm frëndschaftlech Verbonnenheet a Versönung.
Net nëmmen d’Déieren aus dem Mier streiden a spillen zesummen, mee och d’Kanner!
Dofir bastele mir haut e Spill fir nach ee flotte Moment zesummen ze genéissen!
.Alter : 6-9 Joer
Reservatioun obligatoresch.
Bambühn Parc Municipal - Pescatore
Park of the Pescatore Foundation
Tuffi-Pro Atelier (6-9) in pictures
Gallery
Content provided by Echo.lu – Content non-binding and subject to change.
To advertise your event (taking place in the capital) in our calendar, register all the information on Echo.lu and display it on our agenda.