#OUNI FILTER

Mir chatten, posten, sharen, liken... weisen awer net gären eist richtegt Gesiicht, sou wéi mir wierklech sinn. Mir verstoppen eis léiwer hannert enger Fassad.

 

#ouni Filter weist mat spatzen Texter, pointéierten Dialogen, geckege Monologen, skurille Situatiounen, verréckte Charakteren, witzege Lidder an allerlee Musekselementer op déi verschidden Alldagsituatiounen hinn. De Mënsch esou, wéi en ass, denkt a fillt mat senge Gewunnechten, Macken, Schwächten a Stäerkten. Ouni Filter. Am Spigelbild, dat mir virgehale kréien, erkenne mir eis selwer a stelle fest, dass mir net anescht si wéi déi aner, an zesumme laacht et sech besser iwwert seng eegen Dommheeten.

Fir all déi, déi sech selwer net ze eescht huelen a Loscht hunn, e sozialkritesche Bléck op eis Gesellschaft an op sech selwer ze werfen a sech dobäi gutt ze amuséieren, bidd #ouni Filter e flotten, lëschtegen Owend, wou ee mat engem Laachen am Gesiicht heemgeet. Well heiansdo ass d’Laachen iwwert de Wansinn vum Alldag dee beschte Wee, en ze bewältegen.

D’Texter an d’Musék sinn extra fir dëse Programm geschriwwen a komponéiert ginn. D‘Maggy Molitor war laang Presentatrice vum Hei elei kuck elei an och am Theater huet si sech ee Numm gemaach mam Ensembel Makadammen, wou si net just Actrice war, ma och e groussen Deel vun den Texter geschriwwen huet. Regie féiert d’Jacqueline Posing-Van Dyck, dat schons fir sou munch spannend Mise en scène am TNL verantwortlech war.

 

Nützliche Informationen

Karte

Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!

Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender anzukündigen, müssen Sie diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen. Wir nehmen diese in unsere Agenda auf.

https://www.echo.lu