Weiterbildung & Konferenzen

Schéinheet, Wourecht an dat Absolut

When

Montag die 29.09.2025

18:00 - 19:15

Where

neimënster - Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster
28 rue Münster
L-2160 Luxembourg

23372_main

Beschreibung

Jidderee schéngt ze wësse wat gemengt ass, wann ee seet: «Dat ass awer schéin!»; mee, wat genee ass dann dat ominéist Schéint?


Schonn de Platon, am 5. Joerhonnert viru Christus, huet d’Fro nom Schéinen opgeworf – an och de Bäitrag vun der Konscht heibäi kritiséiert. An der Antik fänken d’Iwwerleeungen iwwert d’ „Schéisinn vum Schéinen“ schonn un. Wann de Platon vum Schéinen als Schäin vum absolut Wouere schwätzt, bedeit eng Begéinung mat deem Schäin eng Erënnerung un d’Wiese vun de Saachen. Den däitschen Dichter Friedrich Hölderlin knäppt un dës Iddi un; duerch d’Erfuere vun der Schéinheet gi mir op eist „wahrhaft“ Sinn verwisen. De Gustav Mahler, de Kandinsky, sinn heivun genee esou iwwerzeegt! Mee d‘Konscht, sou de Platon, ass een Hindernis – si schaaft just Ofb iller vun engem Schäin a bréngt eis domat nach weider ewech vun der Wourecht. Datt den Aristoteles sengem Meeschter do widdersprécht, an datt den däitsche Philosoph G.W.F. Hegel hei eng gewote Bréck schléit, léisst eis der Relatioun tëscht dem Schéinen an der Wourecht, der Konscht an dem Absolutte méi no kommen.


.

Dës Konferenz ass och als IFEN Formation Continue ausgeschriwwen


Organisation: neimënster


Zur Persoun

.

Nora Schleich

Promovéiert a passionéiert an der Philosophie säit 2008 – Nom Studium zu Lëtzebuerg an zu Mainz ënnerwee an der Philosophie- a Wëssenschaftsvermëttlung. Virum allem täteg an de Beräicher Konscht a Kultur, wéi Soziales an Existenz. Säit 2022 Programmcoordinatrice an der ErwuesseBildung asbl.

Nützliche Informationen

Event location

Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!
Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender anzukündigen, müssen Sie diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen. Wir nehmen diese in unsere Agenda auf.

www.echo.lu