Zirkus & Street Art
Conférence - Mardis littéraires
When
Dienstag die 16.09.2025
18:30 - 20:45
Where
Auditorium Cité
3 Genistre
L-1623
Beschreibung
“ Eis Groussmammen – 15 Enkelinnen erzählen von ihren Großmüttern ” presentéiert net nëmme perséinlech Geschichte vu beandrockende Fraen aus dem Grand-Duché, mee stellt och e Bäitrag zur kollektiver Erënnerung un d'Fraen an hiert Liewen zu Lëtzebuerg am 20. Joerhonnert duer. Duerch Erzielunge vun den Enkelinnen entdecke mir d'Erausfuerderungen, d'Erfolleger a verschidde Réckschléi, déi d'Liewe vun hire Groussmamme markéiert hunn. Dëst Buch, datt vun der asbl “Femmes pionnieres du Luxembourg” initiéiert an editéiert gouf, bitt e wäertvollen Abléck an déi sozial a kulturell Entwécklung a beliicht déi wichteg Roll, déi dës Fraen bei der Opbau vun eiser Gesellschaft gespillt hunn.
Perséinlechkeeten aus der Politik wéi d’Colette Mart, d’Corinne Cahen, d’Claudie Reyland an d‘Claudine Konsbruck huelen eis mat an d’Vergaangenheet a loossen eis un hirer Familljegeschicht deelhuelen. D’Joëlle Letsch féiert duerch den Owend.
Bebillert gëtt dësen Owend mat enger thematesch passender Fotoausstellung, ausgeschafft an zur Verfügung gestallt vun der Photothèque vun der Stad Lëtzebuerg.
Reservatioun obligatoresch.
[email protected] / www.citybiblio.lu
Nützliche Informationen
Wann
Dienstag 16.09.2025
18H30
- 20H45
Preise
Reservation per Email 0€ |
Tickets
Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!
Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender anzukündigen, müssen Sie diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen. Wir nehmen diese in unsere Agenda auf.