Tuffi-Pro Atelier (6-9)
Et ass Hierscht, dat gesäit a spiert ee ganz gutt. Et ass méi frësch, d’Blieder un de Beem ginn elo faarweg a fale geschwënn erof, Owes gëtt et éischter däischter an doheem maache vill Leit et sech schéi gemittlech. D’Decke ginn op de Canapé geluecht an de Pullover an d’Jackett gi schonn eng Zäitchen nees ugedoen. D’Déieren am Bësch sinn och elo ganz aktiv a schaffe sech scho vir. Vill vun hinne bereede sech op hire laange Wanterschlof vir, anerer paken hir Wallis fir an d’Vakanz.
.Kommt a lauschtert iech einfach zwou verschidde Geschichten un a bastelt mat eis!
Alter : 6 bis 9 Joer
Reservéierung obligatoresch.
[email protected] / www.citybiblio.lu
Parc Edouard André
Tuffi-Pro Atelier (6-9) in pictures
Gallery
Content provided by Echo.lu – Content non-binding and subject to change.
To advertise your event (taking place in the capital) in our calendar, register all the information on Echo.lu and display it on our agenda.