Visual arts
Konferenz: Naturnoe Gaart fir d'Biodiversitéit ze ënnerstëtzen
When
Tuesday The 08.07.2025
18:30 - 20:00
Where
25, rue Münster
L-2160 Luxembourg

Description
De Gaart ass net nëmme fir eis Mëschen en erhuelsame grénge Fléck, mee e kann duerch eng naturno a bestëbserfrëndlech Gestaltung och direkt zum Erhalt vun der Biodiversitéit bäidroen.
Zil vun dësem Virtrag ass, fir déi wichtegsten Usätz ze vermëttelen, wéi een de Gaart doheem op eng einfach an effektiv Manéier naturno gestalte kann, ouni op ästhetesch a funktional Ufuerderunge ze verzichten. E faarweprächtege Réckzuchsuert fir Bestëbser, ewéi Beien a Päiperleken an awer och fir vill aner Déiere, ka jiddereen ouni vill Opwand an ouni den Asaz vu Pestizide bei sech doheem schafen.
Nieft der Auswiel, der Hierkonft, an der Zesummestellung vu Planze gëtt heibäi och d'Fleeg vum naturnoe Gaart thematiséiert, déi e groussen Afloss op déi sëlleg Liewewiesen huet. D’Roll vu verschiddenen Strukturen an d’Schafung vun zousätzlechen Nisthëllefe gi beschwat. Zu gudder Lescht wäerten och nach e puer besonnesch Liewewiesen mat hiren Uspréch un den naturnoe Gaart virgestallt ginn.
Riednerin: Lisa Siebenaler
Useful information
When
Tuesday 08.07.2025
18H30
- 20H00
Contact
E. [email protected]
W. www.mnhn.lu
Prices
Adults 0€ |
Students and seniors 0€ |
Children from 4 to 12 years 0€ |
Children under 4 years 0€ |