Autres
Lëtzebuerg 1123
D’Joren tëschent 1075 an 1125 sinn effektiv eng Zäit vu grousse Krisen am Däitsche Räich, mee och vu Wandel an Neierungen. Am Konflikt géint de Poopst fir d’Herrschaft iwwer Kierch a Welt verléiert de Keeser Muecht a Prestige a muss de Fürsten d’Initiativ fir Verhandlungen a Fridden iwwerloossen. D’Fürste behaapte sech géint d’Monarchie a bauen hir eegen Territorien op, andeems se hir Interessie verdeedegen. Sou entsteet eng Dynamik, déi bis haut nowierkt.
© ANLux, SHL-Abt01 n°18, Charte du comte Guillaume confirmant la fondation de l’abbaye de Münster, 1123 ..