Verréck(el)t
20 Joer lang huet d’Maggy Molitor mat de Kolleginnen vun de Makadammen d’Lëtzebuerger Cabaretsszeen opgemëscht. Virun zwee Joer mécht d’Maggy Molitor dunn am TNL mat Ouni Filter e Versuch, nei Weeër ze goen. An dee Versuch geléngt.
.Dës Kéier freet d’Maggy Molitor: Wien huet alles geréckelt an domatter alles verréck(el)t a lo si mir all verréckt? Ver…réckt ass kee Virworf, mee vill méi spannend wéi normal. A wat ass iwwerhat normal? Wie bestëmmt dat?
Verréck(el)t ass e Cabaretsprogramm iwwert de ganz normale Wansinn oder de wansinneg normalen Alldag. E Programm, bei deem een denkt: Sou ver… réckt sinn dach just ech, mee all déi aner och? En Owend baussen der Norm, fir all déi, déi gär mol aus der Kéier fléien, anstatt ëmmer an der Spuer ze bleiwen.
.Wa scho laang kengem méi opfällt, wat normal ass, dann invitéiere mir Iech, dat emol eng Kéier hei am TNL op de Leescht ze huelen. Wéi gewinnt inszenéiert d’Jacqueline
Posing-Van Dyck mat vill Schmackes a flotter Live-Musek vum Netty Glesener pointéiert Monologen a skurill Dialogen, déi äis dinn driwwer ze laachen, wat alles hautjesdags verréck(el)t ass. Well: Schif ass lo dat neit Riicht.
| Date | Horaires | |
|---|---|---|
| Mercredi 12/05/2027 | 19H30 - 21H00 | |
| Vendredi 14/05/2027 | 19H30 - 21H00 | |
| Dimanche 16/05/2027 | 17H00 - 18H30 | |
| Mardi 18/05/2027 | 19H30 - 21H00 | |
| Mercredi 19/05/2027 | 19H30 - 21H00 | |
Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.