"Stress lassloossen" Workshop
Workshop "Stress lassloossen".
Stress gehéiert zu eisem Alldag, mee mir sinn him net hëlleflos ausgeliwwert.
An dësem praxisorientéierte Workshop entdecke mir zesumme, wéi Stress am Kierper entsteet a wéi mir erëm zu ënnerlecher Rou a Geloossenheet kenne fannen.
Mat Hëllef vun Otemübungen, progressiver Muskelentspanung an Achtsamkeet léiere mir stresseg Situatioune méi entspaant ze meeschteren an nei Kraaft ze tanken.
Am Beschten hutt dir labber Kleedung un a wann dir d'Übungen am leie wëllt maachen, bréngt eng Yogamatt mat.
Mäi Background.
No engem Studium zu Bréissel hunn ech wärend 20 Joer a verschiddenen Publicitéitsagence geschafft.
Säit engem Burnout viru 7 Joer schaffen ech fräiberufflech als Formateur zum Thema Stressbewältegung a Burnout-Präventioun a hunn dofir verschidden Studien, Formatiounen, Stagen a Konferenzen an Däitschland, Lëtzebuerg an den USA gemaach.
Privat kombinéieren ech meng Passiounen, mäin alen a mäin neie Beruff: Meditatioun, Tennis, Grafic design & Fotographie, sangen, Musik a liesen.
Formatioun am Rainbow Center vum Bob Gillen.
Op Lëtzebuergesch.
📅 28.01.2026
⏰ 18:30 - 20:00
📍 Rainbow Center, 19, Rue du St. Esprit, L-1475 Lëtzebuerg Stad
.D'Plaze si limitéiert - mellt Iech w.e.g. un:
Rainbow Center - Zentrum fir queer Kultur
Le Rainbow Center est le centre culturel queer du Luxembourg géré par Rosa Lëtzebuerg asbl. Il sert comme "safe space" pour la communauté LGBTIQ+ et offre la possibilité de faire la découverte de l'ar...
Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.