Cirque & art de la rue
Stories after Sunset
When
vendredi le 27.03.2026
20:00 - 17:00
Where
Lëtzebuerg City Bibliothèque
3 rue du Genistre
1623 Luxembourg
Description
Beim Familljenevent „Stories after Sunset“ si Grouss a Kleng invitéiert, an d'Welt vun de Geschichten anzedauchen – an an der Bibliothéik tëscht de Bicherregaler z’iwwernuechten. Iech erwaart en ofwiesslungsräiche Programm:
Den Optakt mécht d’Kënschtlerin an Actrice Leila Lallali mat enger zeenescher Liesung fir d'ganz Famill, wou spannend, witzeg a fantasievoll Geschichten zum Liewen erwächt ginn. Duerno geet et op eng Schnitzeljuegd duerch d'Bibliothéik, wou Kanner an Erwuessener spilleresch d'Geheimnisser vum Haus entdecke kënnen. Natierlech sti wärend der ganzer Zäit och eng Onmass u Bicher prett – fir ze schmökeren, ze staunen an ze dreeme bis an d’Nuecht eran. Moies waart op d’Bicherfrënn e Croissant mat Kaffi a Jus fir gutt an den neien Dag ze starten.
D'Zuel vun de Participanten ass op 20 Persoune limitéiert, dofir ass eng Umeldung onbedéngt néideg.
Follgend Conditiounen sollen erfëllt sinn:
.- Mindestalter vun alle Participanten 6 Joer
- Mannerjäreger bis 18 Joer nëmmen a Begleedung vun engem Erzéiungsberechtegten
- Gülteg Memberskaart vun der Lëtzebuerg City Bibliothèque (Wann Dir nach net Member sidd, kënnt Dir iech am Virfeld als Benotzer iwwert www.citybiblio.lu aschreiwen)
No der Umeldung kréien all d'Participanten eng Checklëscht souwéi aner wichteg Informatiounen zur Iwwernuechtung.
Reservéierung obligatoresch
.www.citybiblio.lu
Informations pratiques
Quand
Tarifs
| Prix 0€ |
Tickets
Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.