Mardis Littéraires - Nicolas Bouvier
En Owend mam Luisa Bevilacqua, dem Robert Weis an dem Florent Toniello.
Tabriz, Kyoto, Sri Lanka, New York, Genf … Den Schwäizer Schrëftsteller Nicolas Bouvier (1929 1998) huet iwwer all déi Joren, wou hie gereest ass, ëmmer nees Gedichter geschriwwen. Hien huet Zäit senges Liewens awer just ee Gedichtband erausbruecht, Le Dehors et le Dedans (Wat baussen a wat bannen, an der lëtzebuergescher Iwwersetzung), deen aus 44 Texter besteet, déi tëscht 1953 an 1997 geschriwwen an ëmmer nees nei opgeluecht an ergänzt goufen.
.Michikusa Publishing, e Lëtzebuerger Editeur spezialiséiert op Poesie, proposéiert dëse Klassiker vun der Reesliteratur elo och op Lëtzebuergesch, an enger Iwwersetzung vu Robert Weis a Florent Toniello, mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vum Nico Helminger.
Op dësem Owend liest d’Luisa Bevilacqua Gedichter vum Nicolas Bouvier op Lëtzebuergesch an dialogéiert mat den Iwwersetzer iwwert dem Bouvier seng Poetik, d’Reesen als Metapher vum Liewen, an d’Lëtzebuergesch als Literatursprooch.
obligatoresch Reservéierung
www.citybiblio.lu