Cirque & art de la rue

Marc Weydert - Tuffi Atelier (5-10)

2
Pic-Marc-Weydert
krix_main

Description

D’Awunner vum Duerf maache sech Suergen: Hire Kinnek Mett ass zënter Kuerzem mat engem schrecklechen Ausschlag geplot. Am Gesiicht huet hie schonn iwwerall faarweg Tëppelen an d’Kränkt schéngt sech weider op säi ganze Kierper, säin Diwwi, seng Decken an doriwwer eraus auszebreeden. Et huet keen eng Léisung parat, weeder d’Dokteren nach soss Experten. Vläicht kann d’Hex Krixkrax hëllefen? Mä ... wéi kënnt een nëmme bei si erop, an hiren Tuerm, hir däischter Stopp?


Krixkrax ass net nëmmen e Buch fir ze kucken, verzielt ze kréien oder ze liesen. Et ass och en Audio-Buch. Mat Hëllef vun engem QR-Code kann een dat ganzt Buch lauschteren, mat Musik, verzielt vum Auteur Marc Weydert selwer.


An der Geschicht geet et ëm d’Zesummenhalen, d’Problemléisen an engem grousse Grupp an, virun allem, d’Fein-Sinn an d’Manéieren. Heiansdo brauch een net vill, fir dat ze erreechen, wat een eigentlech wëllt hunn.

.


Kann d’Hex Krixkrax hëllefen?


.

Alter : 5 bis 10 Joer

Reservéierung obligatoresch.

[email protected]

www.citybiblio.lu

Informations pratiques

Event location

Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.

www.echo.lu