Léon a Lena
LÉON & LENA
Georg Büchner/ Anouk Wagener
4 Schauspiller/innen spillen
d’Geschicht vum Léonce a Lena,
en Theaterstéck vum Georg Büchner.
Geschriwen am Fréijoer 1836. De
Kinnek Péiter vum Kinnekräich Popo,
.wënscht sech, dass säi Bouf, de
Prënz Léon - d’Prinzessin Lena vum
.Kinnekräich Pipi bestiit. Mee de Prënz
Léon, schwéier gelangweilt vun der
Welt, béckst aus. Mam Valerio, deem
säi Liewen aus Iessen a Faulsinn
äh Liddregsinn besteet. Si ginn
zesummen an Italien. Och d’Lena
leeft fort. Mat sénger Gouvernante.
De Léon an d’Lena treffen sech, ouni
sech ze erkennen.Si verléiwen sech
an décidéieren, sech ze bestueden.
Keng symmetresch, keng logesch
Welt. Eng Welt voller Widersprëch.
En Denken an eng Sprooch, déi sech
lues a lues zersetzen. Vläicht kann
een net oft genuch „Mound“ soen.
E Mound, deen een ophängt, fier
sech dru festzehaalen.
REGIE
Anouk Wagener
MAM
Elisabet Johannesdottir
Lis Dostert
Marc Baum
Jacques Schiltz
BÜN & KOSTÜM
Michèle Tonteling
DRAMATURGIE & CO-REGIE
Jens Bluhm
ENG PRODUKTIOUN VUM
Kasemattentheater
| Date | Horaires | |
|---|---|---|
| Mercredi 16/12/2026 | 20H00 - 21H30 | |
| Vendredi 18/12/2026 | 20H00 - 21H30 | |
| Mardi 12/01/2027 | 20H00 - 21H30 | |
| Jeudi 14/01/2027 | 20H00 - 21H30 | |
| Vendredi 15/01/2027 | 20H00 - 21H30 | |
| Samedi 16/01/2027 | 20H00 - 21H30 | |
Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.