Historesch Gaardeweisheeten
D’Gaardekultur huet eng laang Traditioun – an domat och d’Gaardeliteratur, déi Generatioune vu Gaardefrënn begleet an inspiréiert huet. Iwwert Joerzéngten hu Gaardekalenneren a praktesch Guiden net nëmme wäertvoll Rotschléi de fir Geméis- an Uebstubau am Klenggaart vermëttelt, mee och wichtegt Wëssen zur Konservéierung vu Liewensmëttel. Grad an Zäite vu Kris oder Knappheet, wéi dem 1. Weltkrich, ass dës Kenntnis eng onersetzlech Ressource fir d’Versuergungssécherheet. Dofir schéngt et net verwonnerlech, dass den éischte Lëtzebuerger Gaardeguide vum Jean-Nicolas Peffer direkt nom Krich erauskënnt, well an de Krichsjore war ville Mënschen d’Bedeitung vum Geméisubau am heemesche Gaart eréischt sou richteg bewosst ginn.
An de Joren nom Krich gewannen awer och Gaardebauveräiner an hir Publikatiounen u Bedeitung. Nieft de private Klenggäert hunn och Aarbechtergäert eng wichteg sozial an ekonomesch Roll gespillt, well si ville Familljen eng zousätzlech Liewensmëttelquell gebueden hunn. Doriwwer eraus huet d’Gaardekultur ëmmer och eng pädagogesch Roll gespillt: D’Erzéiung vun der Jugend am Beräich Gaardenaarbecht soll net nëmmen technesch Kompetenze stäerken, mee och e Bewosstsi fir Natur, Nohaltegkeet an d’Wäertschätzung vun der Aarbecht am Gaart schafen.
.D’Kim Krier ass Historikerin a Mataarbechterin an der Nationalbibliothéik.
.Bibliothèque nationale du Luxembourg
La Bibliothèque nationale du Luxembourg (BnL) est la principale bibliothèque patrimoniale, scientifique et de recherche du pays. Elle collecte, catalogue et conserve toutes les publications imprimées ...
Tickets
Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.