Filmfriend - Tuffi Atelier: Virféierung op Lëtzebuergesch
Den Tepulpaï an d'Naïra ginn op d’Sich nom Pachamama, engem Schutztotem vun hirem Duerf, deen vun den Inka konfiskéiert gouf. Dëst Abenteuer féiert déi zwee Kanner vun hirem Biergduerf op Cuzco, d'Haaptstad vum Inka-Räich. D'Geschicht gëtt aus hirer Siicht erzielt, besonnesch mat der Arrivée vun de Conquistadore, déi op der Sich no Gold plënderen a rauben. D'Liewensweis vum Andenvolk an hir Iwwerzeegungen ginn lieweg duergestallt, besonnesch duerch Musek a beandrockend Biller.
Ab 6 Joer a Begleedung vun den Elteren
.Reservéierung obligatoresch
.www.citybiblio.lu
Cercle Cité - Auditoire Henri Beck
Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.