Dem Leeëndecker op der Spuer
Vu Mëtt Abrëll bis Mëtt September zéien d’Leeëndecker (Mauersegler) hir Kreesser iwwer eis Stied a bréngen mat hire „Screaming Parties“ Liewen an de Summerhimmel. Si si Meeschter vum Fluch a spannend Déieren, déi wichteg fir eisen Ökosystem sinn.
Kommt mat op e Spadséiergang duerch de Gronn a léiert dëse faszinéierende Vull besser kennen: Wat mécht en esou eenzegaarteg? Wou bréit en? A wéi kënne mir seng Brutplazen schützen oder nei schafen?
Zesumme sichen a dokumentéiere mir d’Brutplazen – fir de Leeëndecker am Gronn eng sécher Heemechtsstat ze bidden.
Mam: Catherine Kirsch
Catherine Kirsch ass Biologin mat Schwéierpunkt op Zoologie, Ornithologie a Verhalensbiologie. Bei natur&ëmwelt a.s.b.l. schafft hat am Beräich vun der Biodiversitéitsfërderung am urbane Raum.
Material: Bréngt är Specktive mat falls dir eng hutt. Mir hun der awer e puer derbäi déi dir kënnt benotzen.
Meeting point: Naturmusée