Formation continue & conférences

Konscht als Erliichterung

When

lundi le 20.10.2025

18:00 - 19:30

Where

neimënster - Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster
28 rue Münster
L-2160 Luxembourg

23524_main

Description

D’Welt ass Leiden oder Langweil, sou de pessimisteschen Däitsche Klassiker Arthur Schopenhauer. Seng Philosophie versicht d’Struktur vun eiser Welt, eisem Liewen opzeschlësselen a faasst zesummen, wat mer alldeeglech erfueren: Et ass ee stännegt Wëllen, Drängen, Kämpfen a Vernichten. Wéi eng Roll huet dat Schéint, huet d’Konscht heibäi? An der Konscht, besonnesch an der Musek, erfuere mer eng Paus vun all där Qual, eng Fräiheet, an där mir eis entfale kënnen. Déi verschidde Konschtforme weisen eis d’Tragedie vun dësem stännege Wëllen op ganz eege Manéieren, woubäi se eis an eng erliichterend Parallelwelt invitéieren. Mam Søren Kierkegaard a Friedrich Nietzsche schléisse mer un d’dramatesch Dimensioun vum Liewen un; gutt a schlecht, Loscht a Qual, alles ass géigesäiteg verbonnen an näischt ass fi r d‘Eiwegkeet. Och dat Schéint ka just entstoen, wann d’Leed iwwerweit. D’Konscht ass heibäi eis Rettung an, kontrastiv zum Schopenhauer sengem Pessimismus, en ausdréckleche Jo! zum Liewen. De Schönberg, de Beckett an de Munch, si all waren déif gepräägt vun dësen Denker.


.

Dës Konferenz ass och als IFEN Formation Continue ausgeschriwwen.


Zur Persoun:

Nora Schleich

Promovéiert a passionéiert an der Philosophie säit 2008 – Nom Studium zu Lëtzebuerg an zu Mainz ënnerwee an der Philosophie- a Wëssenschaftsvermëttlung. Virum allem täteg an de Beräicher Konscht a Kultur, wéi Soziales an Existenz. Säit 2022 Programmcoordinatrice an der ErwuesseBildung asbl.


Freier Eintritt mit Reservierung: [email protected]


Organisation: neimënster

Sprache: Luxemburgisch

Informations pratiques

Event location

Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.

www.echo.lu