Autres
Och bei eis leeft et: Queer Perspektiven op Menstruatioun
Menstruatioun ass fir vill Leit oft nach e rengt Fraentheema – an dat ganz bewosst am Zesummenhang mat heterosexueller Reproduktioun. Dobäi mécht dee Framing awer d’Erliefnesser vu queere Fraen, trans an inter Persounen onsiichtbar.
.De Lëtzebuerg City Museum, Rosa Lëtzebuerg a Méi Wéi Sex invitéieren dofir op eng Table ronde mam Titel Och bei eis leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun. D’Ekipp vu Méi Wéi Sex a Rosa Lëtzebuerg wëllen hir Gäscht mat op eng Rees duerch queer Menstruatiounserfarungen huelen. D’Diskussiounsronn gëtt opgeholl an dann um Radio ARA an op de Plattforme vu Méi Wéi Sex ausgestraalt.
📅 11.06.2026
⏰ 18:00 - 20:00
.📍 Lëtzebuerg City Museum, 14 Rue du St. Esprit, L-1475 Stad Lëtzebuerg