Cirque & art de la rue
Theaterstéck "Sexappeal a Mangoschnaps"
When
vendredi le 28.11.2025
20:00 - 23:00
Where
Centre Culturel Neudorf
254 Rue de Neudorf
L-2222 LUXEMBOURG
Description
Lëschtegt Theaterstéck an 3 Akten
vum Bernd Spehling, iwwersat vum Joseph Weimerskirch
De Lucien kann net méi a wëll sengem schappege Liewen iwwert eng mysteriéis Internet-Agence e schnellt an onkomplizéiert Enn setzen. Mee de beoptraagte „Profi“ verschwënnt grad sou séier wéi seng Fra a seng Erspuernisser.
Vun elo un, kéint all Minutt säin Enn sinn – awer grad elo leeft beim Noper vis-à-vis, dem Claude, seng 30 Joer Gebuertsdaagsparty mat Karaoke, Carpendale-Double a Striptease!
.D’Iwwerraschungsgäscht lande beim Lucien an der Stuff fir sech op hir grouss Show kënnen ze preparéieren. Dobäi kënnt och nach d‘Police an en Telefonsoperateur an d’Spill.
De Lucien fillt sech an deem Moment ewéi wann hien d’Pescht hätt a gläichzäiteg vun engem Camion iwwerrannt géif ginn. Mee op eemol kéint hien awer nach säi Gléck fannen.
Op hien zu sengem Gléck kënnt oder awer de Killer mei séier ass?
Kommt a fannt et eraus a genéisst e makaabert, humorvolltTheaterstéck mat schrillem Partyflair direkt aus der Noperschaft!
Informations pratiques
Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.