Formation continue & conférences
Pescatorea – D’Geschicht vun enger bedeitender Orchideeësammlung
When
mercredi le 09.07.2025
19:00 - 19:00
Where
Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D Avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

Description
Gratis Umeldung: https://pretix.eu/bnl/pescatorea/c/Fr247MEqg/
Pescatorea class="echo">.(1860) ass den Titel vun engem bedeitende Wierk iwwert Orchideeën, déi de Jean Jules Linden no sengem orchidophile Mäzeen, dem Sammler a Banquier Jean-Pierre Pescatore genannt huet. 48 Orchideeë sinn op herrleche Chromolitografien vu Kënschtler gezeechent a vum Botaniker Linden beschriwwe ginn. D’Nationalbibliothéik gëtt dat Buch nei eraus an huet Fuerscher agelueden, d’Buch an d’Orchideeën aus naturwëssenschaftlecher, konschtgeschichtlecher, literatur- a kulturhistorescher a biografescher Perspektiv ze beschreiwen.
.Bei der Presentatioun wäerten d’Historikerin Josiane Weber, de Biolog an Orchideeëspezialist Jean-Marie Mangen an den Naturwëssenschaftler Marc Biver diskutéieren iwwert de Jean-Pierre Pescatore, d’Biologie vun den Orchideeën, déi geckeg Orchidomanie am 19. Joerhonnert an d’Orchideeën an der Konscht.
An Zesummenaarbecht mat der Fondation J.P. Pescatore an der LUGA.
Informations pratiques
Où
Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D Avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg
Quand
Contact
Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.