Cirque & art de la rue

Héngerhautgeschichten

He-ngerhautGeschichten-8-photo_Bohumil_Kostohryz_WEB_main

Description

Fir t’éischt spiers du et am ënneschte Réck. Dono krabbelt et gaaanz, gaanz lues laanscht d’Wirbelen de Réck erop, léisst sech kuerz tëscht de Schëllerblieder nidder, éier et säi Wee bis hannert d’Ouere fënnt. Dacks schläicht et sech och nach iwwert d’Schëlleren d’Äerm erof. Et gëtt dir waarm, et gëtt dir kal. De Bauch zitt sech fäertereg zesummen, mee d’Ouere spëtzen sech gespaant an d’Däischtert …

.

Zesumme verwéckelen d’Erzielerin Betsy Dentzer an d’Musekerin Louisa Marxen de Publikum an en abstrakt Spill mat Luucht, Schiet an absolutter Däischtert. Mat verschiddenen Instrumenter an Objete gëtt dëst Spill nach weidergedriwwen, fir sech zesumme mam Publikum sou richteg schéin ze grujelen.

.

Informations pratiques

Rotondes
3 Place des Rotondes
L-2448 Luxembourg

Voir le lieu de l'événement

Tarifs

8€ (≤26 ans) / 14€ (>26 ans) 8€

Tickets

Event location

Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.

www.echo.lu