Formation continue & conférences

Pescatorea – D’Geschicht vun enger bedeitender Orchideeësammlung

When

mercredi le 09.07.2025

19:00 - 19:00

Where

Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D Avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

20250709-Pescatorea_main

Description

Gratis Umeldung: https://pretix.eu/bnl/pescatorea/c/Fr247MEqg/


.

Pescatorea (1860) ass den Titel vun engem bedeitende Wierk iwwert Orchideeën, déi de Jean Jules Linden no sengem orchidophile Mäzeen, dem Sammler a Banquier Jean-Pierre Pescatore genannt huet. 48 Orchideeë sinn op herrleche Chromolitografien vu Kënschtler gezeechent a vum Botaniker Linden beschriwwe ginn. D’Nationalbibliothéik gëtt dat Buch nei eraus an huet Fuerscher agelueden, d’Buch an d’Orchideeën aus naturwëssenschaftlecher, konschtgeschichtlecher, literatur- a kulturhistorescher a biografescher Perspektiv ze beschreiwen.

.


Bei der Presentatioun wäerten d’Historikerin Josiane Weber, de Biolog an Orchideeëspezialist Jean-Marie Mangen an den Naturwëssenschaftler Marc Biver diskutéieren iwwert de Jean-Pierre Pescatore, d’Biologie vun den Orchideeën, déi geckeg Orchidomanie am 19. Joerhonnert an d’Orchideeën an der Konscht.


An Zesummenaarbecht mat der Fondation J.P. Pescatore an der LUGA.

Informations pratiques

Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D Avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

Voir le lieu de l'événement

Event location

Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.

www.echo.lu