Autres
FLINTA* Schach Treffen
When
samedi le 13.09.2025
14:00 - 17:00
Where
Bibliothéik Cid | Fraen an Gender
14 rue Beck
L-1222 Luxembourg

Description
D’Schachwelt gëllt oft als fair a meritokratesch – mee d’Realitéit weist nach ëmmer en däitlecht Ongläichgewiicht: Männer dominéieren an Turnéieren, Trainerposten a Medieberichter. Firwat ass dat esou? A wéi kéint Schach ausgesinn, wann FLINTA*-Persounen verstärkt géife matwierken?
Bei dësem Atelier geet et net ëm Leeschtung oder Gewënn, mee ëm Spaass um Spill, an déi Froen, déi sech hannert engem schwaarz-wäisse Briet verstoppen: Wéi spigelt sech Ongläichheet am Schach erëm? A wéi kënne mir déi Regele op d’Kopp geheien? En Input an d’Welt vun de Fraen am Schach an eng Aféierung an d’Reegelen gëtt eis déi lëtzebuergesch Schach-Moderatrice a Schachspillerin Fiona Steil-Antoni.
.Fir all FLINTA*-Persounen – egal ob Schach-Ufänger:in oder mat Erfarung.
Begleet gëtt den Atelier vun enger Buchausstellung zum Thema “Fraen an der Sportwelt” an der Bibliothéik vum CID.
.Informations pratiques
Quand
Contact
Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.