Cirque & art de la rue
Tuffi-Junior Atelier (4-6)
When
samedi le 05.07.2025
10:30 - 11:30
Where
Parc Edouard André
13 Av. Jean-Pierre Pescatore
L-2324 Luxembourg
Description
Et ass Juli. Just nach e bëssen op d’Zänn bäissen éier endlech d'grouss Vakanz ass! Villäicht geet den Een oder Anere jo dëst Joer op d’Rees?
An enger vun de Geschichte vun haut hëlt iech e Léiw mat op seng grouss Rees wou hie ganz nei an ënnerschiddlech Déiere kenneléiert. Et gëtt e grousst Abenteuer, well et ass déi éischte Kéier, dass de Léiw sech an nei Géigenden traut déi hien net kennt!
Mir erzielen iech och d’Geschicht vun der schéiner Mierjoffer déi sou gutt sange kann, dass een Zirkusdirekter si zum Star wëll maachen an hir versprécht dass si ganz räich wäert ginn.
No de Geschichte bastele mir eppes ganz Summerleches dat dir an dëser waarmer Joreszäit sécherlech gebrauche kënnt!
.Alter : 4 bis 6 Joer
Reservéierung obligatoresch.
[email protected] / www.citybiblio.lu
Informations pratiques
Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.