Studentenjob (m/f) fir de Summer !
MIR SICHE STUDENTEN*INNE FIR D‘SUMMERVAKANZ!☀
De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) sicht motivéiert Studenten*inne fir déi beschten
Zäit vum Joer: de Summer!☀🕶 Mell Dech gär wann s Du de richtege Student*in bass:⬇
Deng Missiounen:
• Ekipp „Luxembourg Jackets – Ask me“: Als mobil Touristinfo äntwers Du op all méiglech
Froen a begleets eis Touristen esou ewéi eis Awunner duerch d‘Summer Saison. „Wou ass
de Panoramalift?“, „Wou sëtzt eis Melusina?“ oder och nach „Wat kann ech am Gronn
entdecken?“.
• Visites Guidéeën a Bureau d‘Accueil: Du ënnerstëtz eis Servicer „Guided Tours“ an
„Information Desk and Hospitality – IDH“.
Däi Profil:
• Student*in: Du bass Schüler*in oder Student*in mat enger gülteger Studentekaart (18-27
Joer al).
• Kënnege „Local“: Passionéiert fir d’Stad Lëtzebuerg a seng méi wéi 1.000 Joer al
Geschicht. Wou de nächste Velo’h steet weess Du natierlech och! 🚲
• Deng Sproochekenntnisser: Schwätz Du fléissend Franséisch, Däitsch, Englesch a
Lëtzebuergesch? Genial !
• Oppenen a flexibelen Teamplayer: Du gees op d'Leit duer a schaffs gär mat Dengen
Aarbechtskolleegen zesummen. „Teamwork makes the dream work.“ Ausserdeem
adaptéiers Du Dech séier un nei Situatiounen. 💪
Déi beschte Grënn fir bei den LCTO ze kommen:
• Interaktiven, oppene Kontakt mat den „Awunner op Zäit“: Belsch, Däitschland oder USA.
Eis Visiteure kommen aus alle Regioune vun der Welt.
• Frëndschaften: léier aner Lëtzebuerger Studente kennen.
• Vilfalt a Beweegung: souwuel um Terrain wéi och am Accueil, Däin Alldag ass ni den
nämmlechten.
• Besser Sproochekenntnisser : „Wéi seet een nach méi Festungsmaueren op Englesch?“
No Dengem Studentenjob bass Du nach méi fléissend a ville Sproochen.🗣
• Stater Expert: beim nächste Besuch vu Frënn oder Famill kanns Du mat Dengem neie
Wësse punkten.✅
Deng Demande:
• Schéck eis w.e.g. Däi kompletten Dossier era mat CV, Lettre de Motivation, an
enger Kopie vun Denger Studentekaart.
• Deng Disponibilitéiten: 2 Periode si méiglech: 11.06.24–14.07.24 ODER 08.08.24–
15.09.24
• Deadline: 05.04.24
• Den Dossier soll geschéckt ginn un: [email protected]
Ënnerstëtz eis an eiser Missioun, dem Tourist en onvergiesslechen an aktive Summer an
eiser Stad unzebidden. Mir freeën eis elo schonn Dech kennen ze léieren ! 😃☀😃☀