07747_BNL_ADAPT_DEPLIANT_LEPORELLO_02_2022_SITE%20WEB%206_main

Wat läit am Däischteren? En Owend mam Guy Helminger a Gast Groeber

Wat läit am Däischteren? En Owend mam Guy Helminger a Gast Groeber

Wou ass de Konrad Schnittweg? Ass hien en Terrorist oder wëllen anerer hie lassginn? Géift Dir fir Är Meenung een dout maachen? A wat ass virun 80 Joer geschitt? An deem klengen Éislécker Duerf? Firwat fiert de Julien iwwerhaapt ouni Luuchten nuets mam Auto?



Dem Guy Helminger säi Roman Lärm stellt Froen no politescher Radikaliséierung a weist gläichzäiteg, spannend wéi e Krimi, wéi wéineg een deem traue kann, wat een erzielt kritt. Am Gast Groeber sengem Roman Nuetsfuerer gëtt e Schrëftsteller gefrot, d’Geschicht vun engem aarmen Däiwel ze recherchéieren a geréit dobäi an d’Däischtert vu fréier an haut.


Héich Zäit also, fir Luucht an dat Ganzt ze bréngen – de Guy Helminger an de Gast Groeber schwätze mam Nathalie Jacoby a mam Claude D. Conter.


De CNL a Kooperatioun mat der BnL an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren

Informations pratiques

Quand

jeudi 30.06.2022
19H00 - 21H00

Tarifs

Billet 0 €

Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !

Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.

https://www.echo.lu