
21.06.2023
Low- an Zero-Energy Architektur
Low- an Zero-Energy Architektur
D'Jill Ries ass eng jonk Architektin déi zu Bréissel (BE) op der Université Libre de Bruxelles souwéi zu Seoul (KOR) op der Sungkyunkwan University studéiert huet an aktuell säit iwwert engem Joër bei A+Architecture zu Dikrech täteg ass. Schonn säit hirem Studium beschäftegt an interesséiert si sech fir méi Nohaltegkeet am Bausecteur. Hier Masteraarbecht huet si iwwert Relatioun vun erneierbaren Energien an Architektur souwéi d'Energieperformance geschriwwen, a mat hirem Design een Concours ("Rammed Earth House") an Slowenien gewonnen.
Um Info-Owend iwwert Low Energy an Zero Energy Architektur wäert si iwwert hier Recherchen a bishereg Erfarungen an dësem Beräich schwätzen. Dës weideren wäert si unhand vun konkreten Beispiller een kriteschen Bléck op dëst Thema werfen an d'Schwieregkeeten vun den ëmmer méi opkommenden Energielabelen erklären.
Datum: 21/6/2023 | 18.00-19.30
Umelle bis: 18/6/2023
Info an Umeldung: [email protected]
Sprooch: Lëtzebuergesch
Entrée: Gratis, mir stellen eis Dons-Këscht op
Wou: ErwuesseBildung, 5, av. Marie-Thérèse, Luxembourg
Informations pratiques
Quand
Carte
Low- an Zero-Energy Architektur en images
Galerie
Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.