Lët'z talk about: Wou kommen d'Puppelcher hier?
Lët'z talk about: Wou kommen d'Puppelcher hier?
«Wou kommen d’Puppelcher hier» heescht den Atelier an dem mir mat der Hexe Cardamome ob d’Sich no der Bébézauberformel ginn.
Mir entdecken un Hand vu flottem, altersgerechtem Material an Aktivitéiten, wou d’Eezell an d’Soomzellhierkommen an wéisi sech (meeschtens) begéinen.
Als Hiewan ass mir bei der Gebuertshëllef bewosst ginn, datt eng sëlleche Fraen iwwerhaapt net wossten, datt si eng Gebärmutter hunn. Säit 2017 schaffen ech als Schoulhiewan fir affektiv asexuell Obklärungsateliere mat Kanner a Jugendlechen an den Erwuessenen, déi mat hinnen ënnerwee sinn.
Wat kleng ugefaangen huet schéngt ob e grousse Besoin ze äntwerten: Vill Kanner si frou fir iwwert Themen ze schwätzen, déi si iwwerall am Alldag begéinen an déi trotzdem tabu ze si schéngen.
Net all Eltere spieren sech wuel fir d’Thema Sexualitéit mat hire Kanner unzeschwätzen. Heiansdo steet eis eege Geschicht eis am Wee, mir denke Sexualitéit aus eiser erwuessener Perspektiv, oder mir kennen d’Äntwerten ob de Kanner hier Froe selwer net sou genau…
Ech freeë mech, datt d’ErwuesseBildung sech dësem spannenden Thema unhëllt. Ech wënsche mir, datt all Kand a Jugendlechen (an iwwregens och all Erwuessenen) d’Méiglechkeet huet sech selwer mat sengem Kierper kennen ze léieren an esou selbstbestëmmt a selbstsécher just déi Bezéiungen anzegoen, déi sech stëmmeg uspieren.
Fabienne Michaux
- - - - - - - - - - -
Datum: 25/02/2023 | 09.00-12.00
Umelle bis: 20/2/2023
Info an Umeldung: [email protected], 447 433 40
Sprooch: Lëtzebuergesch
Entrée: 15€/Koppel
Informations pratiques
Carte
Lët'z talk about: Wou kommen d'Puppelcher hier? en images
Galerie
Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.