Ech sinn um Enn vun deem, wat ass

Ee Sazufank wéi ee Sprangbriet: ”Ech ka mir virstellen, datt…” A sengem Monolog Ech sinn um Enn vun deem, wat ass geetde Samuel Hamen ëmmer vun den nämmlechte Wierder als Startpunkt aus, fir Zeen fir Zeen an ënnerschiddlech Richtungen opzebriechen.

”Ech ka mir virstellen, datt…” Sou gerode perséinlech a politesch Selbstverständlechkeeten a Beweegung, ugedriwwe vu just enger Stëmm op der Bün a vun de Biller an de Käpp vum Public. Wat ass nach méiglech – an dësem Land, an dëser Landschaft, an dësem Liewen? A wat ass scho längst onméiglech ginn, am Denken an am Maachen, well sech d'Virstellungskraaft duerch d'Bascht gemaach huet? Ech sinn um Enn vun deem, wat ass, dat ass eng rhythmesch an halluzinant Sich an der Sprooch, fir eng Realitéit hannert sech ze loossen, an där eis dacks d'Loft fir ze ootmen ewechbleift. Stéck fir Stéck, mol melan-cholesch, mol polemesch, imaginéiert de Samuel Hamen, wéi eng Biller an Zeenerien, wéi eng Gefiller an Zukunften een an eiser Géigewaart nach fir sech reklaméiere kann.

Ee sou intime wéi intensiven Text vum Auteur en résidence vun de Saisonen 22/23 an 23/24, ganz no un eiser Zäit, an engems verfaangen am Wonsch, op Distanz zu hir ze goen. Interpretéiert gëtt den Text vun der Lëtzebuerger Schauspillerin Jeanne Werner, déi esouwuel am Film wéi op der Bün doheem ass.


Informations pratiques

Adresse

Théâtre National du Luxembourg (TNL)
194 ROUTE DE LONGWY
L-1940 LUXEMBOURG

Tarifs

adultes 20 €
jeunes 8 €
Kulturpass 1.5 €

Carte

Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !

Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.

https://www.echo.lu