1caf%C3%A9%20terminus_main

Café Terminus

Café Terminus

Et ass Krich. Oder Kris. Op alle Fall gëtt et Problemer zu Lëtzebuerg. D’Situatioun huet sech esou zougespëtzt, dass e puer komesch Leit sech an en alen, liicht delabréierte Café, de Café Terminus, zréckgezunn hunn, aus Angscht virum Dobaussen, aus Angscht virun der Zukunft.

 

Am Café Terminus setzen, kann ee bal soen hausen allerhand Leit, Leit vum Bord vun der Gesellschaft, ratéiert Existenzen, verzweifelt vläicht, awer dach voller grotesker Hoffnung op e „Muer“, dat besser soll ginn. Dës Figure si wéi e Spigelbild vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, all Schichte si vertrueden an d’Sproochen, déi si schwätzen, sinn déi, déi an eisem Land geschwat ginn. Si liewen an hiren Dreem an hiren Illusiounen, diskutéieren, debattéieren,streiden, feieren a laachen. An drénke méi, wéi erlaabt ass. D’Lidder, déi si sangen, an iwwerhaapt d’Musék sinn e wëllkommene Wee, mat der béiser Realitéit eens ze ginn.

 

Dës kleng, protegéiert Welt kënnt op deem Dag un d’Wackelen, wou den Hary, Patron vum Bistro, säi ronne Gebuertsdag feiert. Alles ass op eemol anescht, de Krich oder d’Kris, déi bis elo jüst dobausse waren, brieche mat vollem Karacho an de Café Terminus eran ...

 

Mat Café Terminus entwerft de Frank Hoffmann eng poetesch Dystopie vun eisem Land. Den Text, deen hie mam Florian Hirsch geschriwwen huet, verschafft op eng fräi Manéier Motiver aus dem Stéck The Iceman Cometh vum amerikaneschen Dramatiker Eugene O’Neill. Café Terminus, e Stéck aus der Lëtzebuerger Nuecht, ass mat wonnerbare Schauspiller a Muséker besat, déi een alleguer an de leschte Joeren op Lëtzebuerger Bühnen erliewe konnt.

Informations pratiques

Adresse

Théâtre National du Luxembourg (TNL)
194 ROUTE DE LONGWY
L-1940 LUXEMBOURG

Quand

Date Horaires
Jeudi 23/03/2023 20H00 - 22H45
Vendredi 24/03/2023 20H00 - 22H45
Samedi 25/03/2023 20H00 - 22H45

Tarifs

adultes 25 €
jeunes 8 €
Kulturpass 1.5 €

Carte

Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !

Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.

https://www.echo.lu