
Wat läit am Däischteren? En Owend mam Guy Helminger a Gast Groeber
Wat läit am Däischteren? En Owend mam Guy Helminger a Gast Groeber
Wou ass de Konrad Schnittweg? Ass hien en Terrorist oder wëllen anerer hie lassginn? Géift Dir fir Är Meenung een dout maachen? A wat ass virun 80 Joer geschitt? An deem klengen Éislécker Duerf? Firwat fiert de Julien iwwerhaapt ouni Luuchten nuets mam Auto?
Dem Guy Helminger säi Roman Lärm stellt Froen no politescher Radikaliséierung a weist gläichzäiteg, spannend wéi e Krimi, wéi wéineg een deem traue kann, wat een erzielt kritt. Am Gast Groeber sengem Roman Nuetsfuerer gëtt e Schrëftsteller gefrot, d’Geschicht vun engem aarmen Däiwel ze recherchéieren a geréit dobäi an d’Däischtert vu fréier an haut.
Héich Zäit also, fir Luucht an dat Ganzt ze bréngen – de Guy Helminger an de Gast Groeber schwätze mam Nathalie Jacoby a mam Claude D. Conter.
De CNL a Kooperatioun mat der BnL an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren
Useful information
When
Thursday 30.06.2022
19H00
- 21H00
Prices
Billet | 0 € |
Content provided by Echo.lu – Content non-binding and subject to change.
To advertise your event (taking place in the capital) in our calendar, register all the information on Echo.lu and display it on our agenda.