Palliativkultur – fir e Liewensenn a Würd

Den Tabu-Themen Zyklus ass dofir do, fir schwiereg Themen, déi an der Gesellschaft awer alldeeglech sinn, unzeschwätzen. Dëst, fir Bewosstsinnsaarbecht ze leeschten, e Raum fir Austausch ze bidden a fir Berodung ze fannen.


Am Mäerz gëtt an der EwB d’Thema Mënschewürd och a Bezuch op d’Liewensenn diskutéiert. D’Palliativmedizin a -kultur sinn dobäi wichteg Elementer. Wéi kann een aus medezinescher Siicht e Liewensenn a Würd garantéieren? Wat heescht et, een „goen ze loossen“, dat Onausweechlecht net onnéideg erauszezögeren? A wéi kann de Kader fir ee wierdevolle leschte Wee gestalt ginn?


Um Gespréich huelen ë.a. den Dr. Bernard Thill, d’Nicole Weis (Omega90), den Jean-Jacques Schonckert (Mäi Wëlle Mäi Wee) deel. Moderéiert vum Nora Schleich (EwB).


Ëm eng Umeldung gëtt gebieden, dëst iwwer [email protected] bis den Dag selwer.


D’Entrée ass fräi, iwwert ee klengen Don freeë mir eis.


Méi Informatiounen fannt Dir hei.


Useful information

Address

ErwuesseBildung
5 av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
L-2132 LUXEMBOURG

Map

Content provided by Echo.lu – Content non-binding and subject to change.

To advertise your event (taking place in the capital) in our calendar, register all the information on Echo.lu and display it on our agenda.

https://www.echo.lu