
Nikki Ninja & Afrobeathoven
Nikki Ninja & Afrobeathoven
D’Nikki huet eng ganz besonnescht Superkraft: hatt spillt mat der Sprooch! D’Nikki, e ganz normaalt Meedchen, erzielt immens gäre vu sengen Erliefnisser an de Stroossen vu Räppeldeng. Räppeldeng? Jo, Räppeldeng, dat kléngt léift Duerf matzend an der Mëtt vu Lëtzebuerg! Do ass et nach schéin a rouëg a gemittlech, oder? Do kann een sech zwar mol gewalteg ieren, well wann d’Nikki mat senger Clique lassleet, sech an d'Nikki Ninja verwandelt a seng Geschichten zielt, da rabbelt et! D’Wierder fléien da just sou aus sengem Mond, an et reent Rhymes amplaz Knëppelsteng zu Räppeldeng. Sei Flow ass witzeg an éierlech... einfach nëmme Ninja. Wuertspiller, wéi een se nach ni héieren huet, Reimer, déi engem d’Zong verdréinen a Beats, déi ënner d’Haut ginn... D’Nicole Bausch, den Dennis Scholtes, de Pol Belardi & Afrobeathoven hunn sech ënnert der Regie vum Dan Tanson zesumme gedoen, Hiphop mat Jazzmusek an aaler Boom-bap Manéier zesummen ze bréngen, an esou Hip-Hop Kannergerecht zougänglech ze maachen.
Additional information: Konzert vu 50 min Fir Kanner vu 7-9 Joer
Line-Up:
Konzeptioun: Nicole Bausch & Dan Tanson
Musikalesch Direktioun: Pol Belardi
Mise en scène: Dan Tanson
Visuals: Sascha Di Giambattista (Première année BTS Animation, Lycée des Arts et Métiers - Zeichentrick)
Kostüm: Alexandra Lichtenberger (Charel Stoltz - Holtz Studio, Recording + Mastering)
Main organiser(s): neimënster Other organiser(s):
Production: Trifolion, Escher Theater
Soutien: Fondation Sommer /Artistes Associé.e.s, Ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg
Useful information
Address
neimënster - Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster
28 rue Münster
L-2160 LUXEMBOURG
When
Sunday 11.12.2022
16H00
- 17H00
Prices
Ticket tarif normale | 12 € |
Ticket tarif réduit | 6 € |
Ticket Kulturpass | 1.5 € |
Phone
Website
Map
Content provided by Echo.lu – Content non-binding and subject to change.
To advertise your event (taking place in the capital) in our calendar, register all the information on Echo.lu and display it on our agenda.